Fro an Äntwert

GLOBAL PARENTS – Em wat geet ët?

All Mount ënnerstëtze leidenschaftlech UNICEF-Donateure Kanner op der ganzer Welt, fir hinnen d’Recht op medizinesch Versuergung, eng héichwerteg Educatioun an e Liewen a Sécherheet ze garantéieren, fräi vun Ausbeutung a Mëssbrauch.

Mir nenne së GLOBAL PARENTS.

GLOBAL PARENTS sinn Donateuren, déi den Ennerscheed ausmaan, wëll si ët UNICEF erméiglechen, d’Kanner op dëser Welt dauerhaft a nohaltëg ze ënnerstëtzen.

Gitt GLOBAL PARENT


 

Wie si mir ?

D’UNICEF ass déi gréissten Organisatioun déi sech fir d’Rechter vun de Kanner weltwäit asetzt ouni sexuell, reliéis, national oder ethnesch Diskriminéierung.

Mir finanzéieren eis exklusiv duerch fräiwëlleg Contributiounen.

Méi wéi 80% vun eise Mataarbechter schaffen direkt um Terrain, an dëst a méi wéi 150 Entwécklungslänner.

Eis prioritär Asazgebieter sinn: Gesondheet, Ernährung, Waasser an Assainissement, Educatioun, Protectioun géint Ausbeutung a Gewalt souwéi Hëllef an Urgencen.


 

GLOBAL PARENT sinn: Wat sinn d’Virdeeler fir mech an d’UNICEF?

Är Virdeeler:

Als GLOBAL PARENT, kritt Dir regelméisseg Informatiounen iwwert d’Aarbecht vun der UNICEF um Terrain.

Um Ufank vun all Joer, kritt Der e Certificat fir Är Steiererklärung mat allen Spenden déi Dir gemaach hutt während dem ofgelafene Joer.

D’Virdeeler fir d’UNICEF an d’Kanner weltwäit:

Ären Ordre permanent erlabt et eis Fraisen um administrativen Niveau zu Lëtzebuerg souwéi um Terrain ze spueren.

Är regelméisseg Spenden erlaben et eis, eis Projets besser am Viraus ze plangen, méi efficace ze schaffen an ze garantéieren dass eis Aktivitéiten nohalteg sinn.


 

Sinn d’Spende steierlech ofsetzbar?

D’Spenden un d’UNICEF si steierlech ofsetzbar ab engem gesamte jährleche Montant vun alle Contributiounen vu genee oder méi wéi 120 €.

 

© 2014 UNICEF-Luxembourg - All rights reserved | Contact