• https://www.globalparents.lu/wp-content/uploads/2013/05/protection14.jpg
  • https://www.globalparents.lu/wp-content/uploads/2013/05/protection24.jpg
  • https://www.globalparents.lu/wp-content/uploads/2013/05/protection33.jpg

Schutz

GLOBAL PARENTS schütze Kanner!

A jonke Joeren laafe vill Kanner Gefor, fir Affer vun Ausbeutung, Gewalt, Mëssbrauch oder och vu Naturkatastrophen a bewaffnete Konflikter ze ginn.

Aus dësem Grond brauche Kanner a Jugentlecher besonnesche Schutz.

D’UNICEF ass op verschiddenene Niveau’en aktiv, fir de Schutz vun de Kanner ze garantéieren, z.B. duerch d’Organiséieren vu Fortbildunge fir Sozialaarbechter, Sensibiliséierungskampagnen fir d’Öffentlechkeet, oder och duerch Lobbyaarbecht op alle Niveau’en. Dobäi huet besonnesch déi lescht Aktivitéit zum Zil, fir Verännerungen op gesetzlechem Plang ze bewierken, fir z.B. Kanneraarbecht, Prostitutioun a Kannerhandel, den Asaatz vu Kannerzaldoten a bewaffnete Konflikter an aaner Forme vu Mëssbrauch offiziell ze verbidden.

© 2014 UNICEF-Luxembourg - All rights reserved | Contact