• https://www.globalparents.lu/wp-content/uploads/2013/05/education12.jpg
  • https://www.globalparents.lu/wp-content/uploads/2013/05/education22.jpg
  • https://www.globalparents.lu/wp-content/uploads/2013/05/education32.jpg
  • https://www.globalparents.lu/wp-content/uploads/2013/05/education42.jpg

Bildung

GLOBAL PARENTS erméiglechen de Kanner, fir an d’Schoul kënnen ze goen

Eng gutt Grondausbildung gehéiert zu de Grondrechter vun all Kand a vermëttelt hinne villes, waat si fir hiert Liewe brauchen. Sou verännert den Zougang zur Educatioun nët nëmmen d’Liewe vun de Kanner, mee statt së och mat deem néidege Wëssen aus, fir dem generationellen Däiwelskreess vun der Armutt ze entkommen.

Sou vermëttelt eng héichwerteg Grondausbildung de Kanner nët nëmmen dat néidegt Wëssen iwwert hier Gesondheet an déi vun hieren zukünftegen eegene Kanner, mee erlaabt ët hinnen och, eng aktiv Roll bei sozialen, wirtschaftlechen a politeschen Entscheedungen ze spillen.

UNICEF baut Schoulen, bild Léierpersonal aus a verdeelt Schoulmaterial an deenen am wéinegsten entwëckelte Länner op der Welt.

© 2014 UNICEF-Luxembourg - All rights reserved | Contact