All Mount ënnerstëtze leidenschaftlech UNICEF-Donateure Kanner op der ganzer Welt, fir hinnen d’Recht op medizinesch Versuergung, eng héichwerteg Educatioun an e Liewen a Sécherheet ze garantéieren, fräi vun Ausbeutung a Mëssbrauch.
Mir nenne së GLOBAL PARENTS.
GLOBAL PARENTS sinn Donateuren, déi den Ennerscheed ausmaan, wëll si ët UNICEF erméiglechen, d’Kanner op dëser Welt dauerhaft a nohaltëg ze ënnerstëtzen.
Mir ass ët wichteg, fir d’Kanner an de Mëttelpunkt ze stellen an ze ënnerstëtzen. Sie sinn déi nächst Politiker, Dokteren, Enseignants. An sie mussen vun eis daat bescht méiglechst mat op de Wee kréien, fir dass sie enges Dags selwer d’Welt verbessere kënnen.
Mir si vill gereest a si ville Kanner begéint, déi keen Zougang zu medizinischer Versuergung oder zu enger Schoulausbildung haaten. Et brauch nët vill, fir deene Kanner ze hëllefen.
All Dag gesinn ech wéi gutt et eis geet an dass mir eis daat oft net bewosst sinn. Mir liewen am Iwwerfloss, sou dass et fir mech ganz wichteg ass eppes zréck ze ginn un déi Kanner deenen et net sou gutt geet.